Aschreiwungen

D’Plazen gi verginn nom Alter an der dominanter Sprooch vum Kand. Et ass wichteg, dass mir eng ausgeglachen Alters- an Sproocheverdeelung respektéieren, well dat déi weesentlech Pilieren vun der Montessori-Pedagogik an dem pedagogesche Projet vun der Montessori-Schoul sinn.

Fir d’Umeldung vun Ärem Kand an der Montessori Schoul zu Habscht bieden mir Iech, ons déi ënnerschriwwen Virumeldungsënnerlagen bis spéitstens Mäerz zouzeschécken.

Fir den Umeldungsformular op Franséisch klickt w.e.g. hei 

Soubal d’Umeldungskäschten um Konto vun der asbl agaange sinn, gëtt d’Umeldung analyséiert an een Gespréich tëschent der pedagogescher Equipe an den Elteren organiséiert. Dir kritt dee Moment déi intern Richtlinnen an een Informatiounsformular (medezinesch Partikularitéit asw…)ausgehändegt,  déi Dir ënnerschreiwe musst.

Fir d’Umeldung ze bestätegen, musst Dir ons fir all Kand folgent Dokumenter zoukomme lossen:

  • De Formular fir d’Umeldung an der Schoul (EMS), uerdnungsgemäss ausgefëllt an ënnerschriwwen.
  • De Virumeldungsformular Um Montessori Haff (Maison Relais) , uerdnungsgemäss ausgefëllt an ënnerschriwwen.
  • Eng Foto vun all Kand.
  • Deen ënnerschriwwenen Formular vum ausgewielten Tarif.
  • Ee Motivatiounsschreiwes.
  • Eng Iwwerweisung vun 200€ fir d’Umeldungskäschten (dës Zomm gëtt op jiddefall vun der asbl gehalen).
  • Eng Iwwerweisung vun 500€ fir d’Opmaachen vum Dossier. (Am Fall wou d‘Kand net opgeholl gëtt an der Schoul, gëtt dësen Betrag rembourséiert. Am Fall vun enger Ofso vun der Umeldung duerch d’Elteren gëtt dësen Betrag vun der asbl gehal. Bei der definitiver Umeldung ginn d‘Käschten fir den Dossier opzemaachen vun den Schoulkäschten ofgezunn.
  • Ee Beleg dass bezuelt ass. Certificat vun der Bank.

Et ass méiglech, Äert Kand elo schonn fir dat nächst Schouljoer unzemellen. Fir erauszefannen, ob nach Plazen fräi sinn an fir deen entspriechenden Virunmeldungsformular ze kréien, kontaktéiert eis w.e.g.