D’Aktivitéitsoffer

All eis organiséiert Aktivitéiten ginn entweeder op Lëtzebuergesch, Däitsch oder Franséisch ugebueden. All Erzéier schwätzt seng Mammesprooch oder eng Sprooch, déi hien mat Liichtegkeet beherrscht.

D‘Thema Sprooch ass een Schlësselpunkt vun eisem pedagogeschen Programm. Mir sinn an stännegem Austausch mat Experten, déi eis Equipe beroden fir eng optimal Offer un Sproochen am Kader vun eisen Aktivitéiten ze erméiglechen.

Eis Aktivitéiten riichten sech no den Joreszäiten, dem Liewen um Bauerenhaff, den Besoinen an Wënsch vun de Kanner, z.B.:

An der Maison Relais am Montessori Raum:

  • Virbereedung an de « Goûter » vun frëschem Uebst an Geméis, Räis- oder Maïswäffelcher, Kompott, kulinaresch Kreatiounen vun de Kanner, …

An der Maison Relais:

  • Konstruktiounsspiller, Symbolspiller, rouegen Eck, Ausmolbiller, fräi Zeechnen, Gemeinschafts- an Kooperatiounsspiller, Rätsel, Bicher (d’Bicher ginn vun den Pedagogen ausgesicht).
  • Kënschtleresch an musikalesch Aktivitéiten
  • Handaarbechten

D’Material gëtt vun den Erzéier nom Prinzip vun der Montessori Pedagogik ausgewielt an steet de Kanner a begrenzter Unzuel, schéin opgeraumt an no logeschen Kriterien ungeuerdnet, zur Verfügung. D’Offer kann un eventuell Besoinen vun der Grupp souwéi  un aktuell Themen ugepasst ginn.

Am Sensorik Raum:

Aktivitéiten an klengen Gruppen: Meditatioun, Yoga, Entspanungsübungen, Geschichtenerzielungen.

  • An de Bësch spadséieren goen: Entdecken a Beobachten vun der Natur, Fitnessparcours, Entspanung
  • Aarbechten am Geméisgaart: séinen, planzen, beobachten, plécken
  • Spillplaz: fräit Spill, Kooperatiounsspiller
  • Organiséiert Ausflich