D‘Ambiance – 12 Joer

 „Mat 6 bis 12 Joer gëtt d‘Kand zu engem verantwortungsbewosste Wiesen, engem Member vun enger sozialer Grupp an dem Gestalter vu senger eegener Zukunft.“

D’Léiermaterial an der Ambiance vun 6 – 12 Joer:

An der Primärschoul gëtt d’Léiermaterial ëmmer méi abstrakt, bis mir schliisslech ouni Material schaffen an ons op d‘Memoriséieren vun Konzepter baséieren. Änlech wéi an der Ambiance vun 3-6 Joer deckt d’Material dräi Haaptberäicher of: Mathematik, Sprooch, kosmesch Erzéiung.