D’Ambiance 3 – 6 Joer

D‘Montessori-Ambiance erfëllt verschidden Bedingungen: Si ass un dem Alter vun de Kanner ugepasst, ass strukturéiert, garantéiert hir Sécherheet, léisst hinnen Fräiraum fir d’Beweegung an begënschtegt d’Autonomie. Si ass ästheetesch awer einfach.

An deenen verschiddenen Léierberäicher sinn d’Materialien nom Schwieregkeetsgrad geuerdent, sou dass d’Kand all Moment kann säi Fortschrëtt vun sengem Léierprozess selwer erkennen. Am Hibléck op dës sensibel Phase vun der Uerdnung ginn all Materialien ëmmer erëm op hir Plaz geraumt. Dëst erlaabt den Kanner, sech am Raum erëmzefannen ouni vun den Erwuessenen ofhängeg ze sinn.

Folgend Wierder beschreiwen am Beschten dës Ambiance:

Rou an Freed, Mëschung vum Alter, Zesummenaarbecht, Empathie an Inclusioun.

D‘Montessori Material an der Klass vun den 3- bis 6- Järegen.

  • Material aus dem alldeeglechen Liewen:

Dëst Material besteet aus Objeten, déi Deel vum alldeeglechen Liewen vum Kand sinn. Duerch den Ëmgang mat dësen Géigestänn übt d’Kand déi Handlungen vun senger Kulturgrupp (Flëssegkeeten ëmfëllen, d’Hänn wäschen, undoen, Planzen fleegen asw.). Dës Übungen, déi ausserhalb vun gewéinlechen Kontext präsentéiert ginn, erméiglechen dem Kand, Geschécklechkeet ze erlaangen. Et gewënnt u Selbstvertrauen an Autonomie.

  • Sënnesmaterial:

D’Kand notzt seng Sënner. Seng Wahrnehmung gëtt mat verschiddenen Konzepter verknäppt (grouss/kleng, laang/kuerz, glat/rau, Formen, Faarwen, Quantitéiten…). D’Kand begräift d’Ënnerscheeder, den Vergläich an d’Ofstufungen. Et entwéckelt säin „mathematescht Denken“ an säin logeschen Verstand.

  • Mathematescht Material:

Dëst erméiglecht d’Entfalung vum mathemateschen Geescht op sensorësch Aart an Weis an féiert lues a lues zu abstrakte Konzepter, wéi zum Beispill: d’Nummeren, d’Funktioun vun Rechenoperatiounen … D’Material ass progressiv gestallt an féiert pro Aufgab eng nei Schwieregkeet, fir dann schrëttweis an déi total Abstraktioun iwwerzegoen (fir d’Primärschoulschüler tëschent 9 an 12 Joer).

  • Sproochematerial:

Dëst Material hëlleft dem Kand, säi Vocabulaire ze erweideren an den Ausdrock ze diversifizéieren. Laang ier een mat engem Stëft kann Buschtawen zeechnen, kann ee scho schreiwe léieren an och liesen. D’Kand trainéiert d‘Verfeinerung vun der Beweegung, d’Erkennen vun den Formen, d’An-Handkoordinatioun.

  • Kosmescht Material:

Dat ass de Beräich vun den Naturwëssenschaften, der Ëmwelt, der Biologie, der Zoologie, der Geographie an der Botanik.

  • Zousätzlech zu den Aktivitéiten am Montessori-Klassenzëmmer bidden mir och psychomotoresch Spiller, bildend Konscht, Klassenausflich, souwéi d‘Léieren vun der däitscher Sprooch un.