De Fonctionnement vun der Schoul

Eng méisproocheg Schoul

Bei der Entwécklung vun eisem Schoulprojet haten mir ëmmer d‘Méisproochegkeet, déi Lëtzebuerg sou besonnesch mécht, am Hannerkapp. Am Mëttelpunkt vun eisem Projet steet d’Léieren vun deenen dräi Landessproochen.

Mir berécksiichtegen d‘Rekommandatiounen vun der internationaler Fuerschung am Beräich vun der Méisproochegkeet an tauschen eis mat Fachleit vu Lëtzebuerg aus.