Den Schoulrhythmus

Dagesoflaf

Déi alldeeglech Routine gouf esou gewielt, dass se beschtméiglech dem natierlechen Dagesrhythmus vun den Kannerentsprécht. Eng strukturéiert an organiséiert Offer ass ganz wichteg, wëll d’Kanner Ritualer als Orientatiounspunkten brauchen. Natierlech muss eng gewëssen Flexibilitéit bestoen bléiwen, fir besonnesch Evenementer an den Dagesoflaf ze integréieren. Mir respektéieren den Rhythmus vun der Natur a bewonneren hir Geschenker: dass d’Sonn erëm do ass no engem laangen Wanter oder deen éischte Schnéi, d’Gebuert vun engem Déier um Bauerenhaff, de Gebuertsdag vun engem Kand.

D’Schoulorganisatioun erméiglecht de Kanner, hir Zäit fräi an verantwortungsbewosst ze gestalten.

D’Equipe leet grousse Wäert drop, déi individuell Stäerkten, Talenter an Interesse vun all de Kanner ze fërderen, sou dass si genuch Selbstvertrauen kréien fir hir Talenter mat hiren Frënn ze deelen.

Normalen Dagesoflaf fir d’Kanner vun 3-6 Joër:

  • 7h30 bis 8h30 : d’Kanner ginn an der Maison Relais empfaangen
  • 8h30-12h30 : Schoul
  • 12h30-13h30: Mëttegiessen. Nom Iessen kënnen d’Kanner sech zeréckzéien an den rouegen Sensorik-Raum notzen oder eraus spillen goen.
  • D’Kanner, déi mëttes net an der Schoul bléiwen, ginn nom Mëttegiessen ofgeholl.
  • 13h30-16h00: Aktivitéiten am Montessori-, Méizweck- oder Sensorik-Raum, op der Spillplaz, am Bësch, am Geméisgaart oder um Bauerenhaff; organiséiert Ausflich.
  • 16h00 bis 16h30: Tëschemoolzecht
  • 16h30 bis 18h30: Aktivitéiten am Méizweck-Raum, an den Bësch spadséieren, Spillplaz, Aarbechten am Geméisgaart.

Normalen Dagesoflaf fir d’Kanner vun 6 bis 12 Joër:

  • 7h30 bis 8h30 : d’Kanner ginn an der Maison Relais empfaangen
  • 8h30-12h30 : Schoul
  • 12h30-13h30: Mëttegiessen. Nom Iessen kënnen d’Kanner sech zeréckzéien an den rouegen Sensorik-Raum oder eraus spillen goen.
  • D’Kanner, déi mëttes net an der Schoul bléiwen, ginn nom Mëttegiessen ofgeholl.
  • 13h30-16h00: Aktivitéiten am Montessori-, Méizweck- oder Sensorik-Raum, op der Spillplaz, am Bësch, am Geméisgaart oder um Bauerenhaff; organiséiert Ausflich.
  • 16h00 bis 16h30: Tëschemoolzecht
  • 16h30 bis 18h30: Aktivitéiten am Méizweck-Raum, an den Bësch spadséieren, Spillplaz, Aarbechten am Geméisgaart.

Adaptatioun

An der éischter oder zweeter Septemberwoch ass eng Adaptatiounsphase méiglech, an där d’Kanner sech mat der Equipe an der Ëmgéigend vertraut maachen kënnen.

Schoulkalenner

Eis Schoulvakanzen entspriechen dem Schoulkalenner vun den ëffentlechen Schoulen zu Lëtzebuerg.

Mir plangen zwee Deeg pro Joer fir pedagogesch Versammlungen an. An deenen zwee Deeg sinn souwuel d’Schoul wéi och d’Maison Relais zou.

D’Elteren kréien am Ufank vum Schouljoer een detailléierte Kalenner mat de Schoulvakanzen, den Deeg, déi virgesinn sinn fir Elterengespréicher, asw.