D’Plaz

D’Schoul Ecole Montessori Schule befënnt sech an der Gemeng Habscht, 19 km vun der Staat Lëtzebuerg ewech, um Site vum pedagogeschen Bauerenhaff An Hecken Habscht.

D’Sécherheet vun de Kanner huet Prioritéit. Dofir entspriechen all eis Gebaier den Sécherheetsnormen a sinn speziell un d‘Bedierfnisser vun de Kanner ugepasst. D’Entrée vum Schoulsite sou wéi den Zougang zu de Felder sinn duerch eng Clôture ofgeséchert.

D’Haus vun den 3- 6 järege Kanner huet eng Terrasse vun 40 m2, déi bei schéinem Wierder kann genotzt ginn fir Couren dobaussen ze halen. An der Spillschoul kënnen 24 Kanner opgeholl ginn.

Op der anerer Säit vum Terrain befënnt sech d’Klass vun den 6- 12 järegen, direkt iwwert dem Stall. An dëser Klass kënnen 28 Primärschoulschüler opgeholl ginn.

Nierwend dem Bauerenhaff läit een Permakultur-Geméisgaart souwéi eng Spillplaz.

Den Aussenberäich passt sech perfekt un déi ländlech Géigend un, a spigelt d‘Montessori Philosophie erëm:

Héi gëtt Kreativitéit, Zesummeliewen an Beweegung gefërdert.

D’Schoul an den Bauerenhaff sinn ëmginn vun ongesprëtzten Felder, déi vun enger Baach getrennt ginn, an leien no beim Bësch.

Virun der Schoul sinn e puer Parkplazen fir d’Elteren.