D’Vakanzenaktivitéiten

Vakanz um Bauerenhaff, an engem naturnoen Montessori Ëmfeld.

D’Aktivitéiten wärend den Schoulvakanzen ginn vun der Maison Relais „Um Montessori Haff“, déi vun der asbl International Montessori School verwalt gëtt, organiséiert.

Et ginn Aktivitéiten op Franséisch an Lëtzebuergesch ugebueden. Sie riichten sech  un d’Kanner tëschent 3 an 12 Joer. Fir Kanner, déi méi jonk wéi 4 Joer sinn, brauchen mir een Schoulzertifikat.

Bei eisen Vakanzenaktivitéiten empfänken mir:

  • Kanner déi eis Maison Relais wärend de Schoulzäiten besichen,
  • Awer och all aner Kanner.

D’Organisatioun vun den Vakanzenaktivitéiten riichten sech no de Besoinen vun de Kanner déi deelhuelen. Am Laf vum Dag ginn esouwuel Gruppenaktivitéiten wéi och fräi Aktivitéiten ugebueden. D’Kanner hunn d’Wiel tëschent verschiddenen Aktivitéiten, ofhängeg vun den Wiederbedingungen: Molerei, Gaardenaarbecht, Kachen, Bëschspadséiergank, Fleeg vun den Déieren um Bauerenhaff, Ausmolbiller, Plastilinn, Puzzels.

All Dag ass anescht an bréngt nei Aventuren. Mir loossen ons vum Rhythmus vun de Kanner, vun den Wiederbedingungen an der Natur leeden.

Eng Busnavette ass vu Stroossen aus organiséiert. Méi Informatiounen kritt dir ënner info@ems.lu.

Zäitplang vun de Vakanzenaktivitéiten:

Accueil tëschent 7:30 an 9:00 Auer (d’Kanner musse spéitstens um 8:50 Auer ukommen fir pünktlech mat den Aktivitéiten kënnen unzefänken.)

Aktivitéiten vun 9:00 bis 12:00 Auer

Mëttegiessen vun 12:00 bis 13:30 Auer

Aktivitéiten vun 13:30 bis 16:30 Auer

Betreiung vun 16:30 bis 18:30 Auer

Reservéierungen:

Dir kennt per E-Mail op info@ems.lu reservéieren.

Fir eng Reservéierung musst dir eis folgend Dokumenter zoukommen loossen:

  • Den ausgefëllten Umeldungsformular
  • Déi ënnerschriwwen Richtlinne (w.e.g. op Säit 10 ënnerschreiwen),
  • Eng Kopie vum Chèques Service – Kontrakt falls dir op des Manéier wëllt bezuelen.

Präisser:

  • 5 Deeg (55 Stonnen): 7:30 bis 18:30 Auer
  • 5 Moïender (30 Stonnen): 7:30 bis 13 oder 13:30 Auer
  • 5 Nomëtteger (25 Stonnen): 13:30 bis 18:30 Auer

Bezuelen:

Mat Notzung vum System vun de Chèque services d’accueil fir d‘Maison Relais

Wann dir Chèques Servicer fir Kannerbetreiung notzt, kritt dir d‘Ofrechnung vun den Vakanzenaktivitéiten eréischt den nächsten Mount. Aus dësem Grond verlaangen mir eng Kautioun vun 100€ bei der Aschreiwung.

Fir d‘Kanner, déi ganzjäreg d‘„Ecole Montessori Schule besichen, ass d‘Kaution 500€ an gëtt bezuelt, wann d’Kand ageschriwwen gëtt. Wann Äert Kand souwuel an der Ecole Montessori Schule wéi och an eiser Betreiungsariichtung ageschriwwen ass, braucht Dir keng Kautioun ze hannerleeën. Wann Äert d’Kand ganzjäreg ageschriwwen ass, bezuelt dir 6€ d’Stonn.

Eis Maison Relais verrechent 7€ pro Stonn fir eis Vakanzenaktivitéiten. Well de System mat de Chèques Servicer fir d’Kannerbetreiung sech nom Akommes vun den Elteren riicht, kann den Rechnungsbetrag fir all Famill anescht sinn.

De Remboursement vun der Kautioun erfollegt no Ärer schrëftlecher Ufro per E-Mail, ënnert der Bedingung, dass all Rechnungen bezuelt sinn. Falls Äert d’Kand méi oft un eise Vakanzenaktivitéiten deelgeholl huet, kënnt Dir eis d’Kautioun och fir méi Joren iwwerloossen.

  1. Dir bezuelt eng Kautioun vun 100€ bei der Aschreiwung
  2. Äert Kand hëlt un den Vakanzenaktivitéiten deel.
  3. Zum Schluss vum Mount schécken mir d’Informatiounen an déi Verantwortlech vun de Chèques servicer fir Kannerbetreiung, déi Iech dann Är Rechnung schécken.
  4. Dir kritt Är Rechnung vu de Chèques Servicer mat den Donnéeën vun der Bank
  5. Dir bezuelt d’Rechnung an:
  1. Entweeder schéckt Dir eis eng E-Mail fir de Remboursement vun der Kautioun unzefroën
  2. Oder Dir iwwerloosst eis d’Kautioun fir déi spéider Participatioun vun Ärem Kand an enger Vakanzenaktivitéit.

Ouni Notzung vum System vun de Chèques Servicer fir d’Maison Relais

An dësem Fall kritt Dir direkt eng Rechnung vun eis.

  1. Dir bezuelt deen ganzen Betrag, wann dir Äert d’Kand aschreift.
  2. Äert d’Kand hellt un den Vakanzenaktivitéiten deel.
  • 5 Deeg: 55 Stonnen x 7€ = 385 € + 5 Moolzechten zu jee 7,5 € = 37,50 €

Total: 422,50 €

  • 5 Moienter: 30 Stonnen x 7 € = 210 € + 5 Moolzechten zu jee 7,5 € = 37,50 €

Total: 247,50 €

  • 5 Nomëtteger: 25 Stonnen x 7€ =175 €

Total: 175 €

Schéckt eis w.e.g. d‘Bezuelungsbeleger zesummen mat den Aschreiwungsënnerlagen. Sollten all Plazen fir déi gebuchten Aktivitéit schonns verginn sinn, kritt Dir natierlech den ganzen Betrag ouni zousätzlech Käschten rembourséiert.

– Notzung vum System vun de Chèques Servicer fir d’Maison Relais

D’Maison Relais „Um Montessori Haff“ ass als Déngschtleeschter vum System vun de Chèques Servicer unerkannt. D’Elteren hunn, je no Akommes, Usproch op ee reduzéierten Tarif fir d’Bildungs- an Betreiungsoffer am Beräich vun der NON-Formaler Erzéiung.

„Wärend den Schoulvakanzen sinn d’Käschten fir d’Betreiung maximal 100€ pro Woch, Mëttegiessen ausgeschloss.“ (http://www.men.public.lu/fr/enfance/de/02-csa/index.html

Wann Dir Är Kanner „Um Montessori Haff“ aschreift, muss Dir Iech vergewësseren, dass Äert Kand fir déi selwecht Woch net an enger anerer Maison Relais ugemellt ass. Et ass rechtlech gesinn kee Problem, wann Äert Kand wärend den Schoulzäiten an enger lokaler „Maison Relais“ ageschriwwen ass an dann an den Schoulvakanzen eis Betreiungsariichtung besicht.

Zesummenaarbecht mat den Elteren :

Den Austausch mat den Elteren ass een zentralen Bestanddeel vun der Aarbecht vum pedagogesche Personal, fir d’Wuel vun den Kanner ze assuréieren. Dës Zesummenaarbecht ënnerstëtzt déi gemeinsam pedagogesch Beméiungen an d’Anhalen vun den Bestëmmungen vun der Hausuerdnung.

Wann e Kand besonnesch Besoinen oder eng Verhalensstéierung huet, mussen d’Elteren dat onbedéngt bei der Aschreiwung uginn.

MOOLZECHTEN :

Fir Kanner, déi ganzdags oder mueres ageschriwwen sinn, ass eent komplett Mëttegiessen virgesinn, wat am Kader vun den Chèques Servicer verrechent gëtt. Eng Moolzecht kascht 7,5 €, et kann awer sinn dass zousätzlech Käschten verrechent ginn, wat vun Ärem Akommes ofhänkt.

Falls et een PAI (Plan d’Accueil Individualisé, z.B. Am Fall vun enger Liewensmëttelallergie) gëtt fir Äert Kand, hutt Dir d‘Méiglechkeet Ärem Kand eng Moolzecht matzeginn.

Tëschemoolzecht: Wärend dem ganzen Dag steet de Kanner frëscht Uebst an Geméis zur Verfügung. Eng gemeinsam Tëschemoolzecht ass tëschent 15h30 an 16h30 Auer virgesinn. D’Kanner hunn och d‘Méiglechkeet, am Kachatelier hir Tëschemoolzecht selwer virzebereeden, z.B. Taarten, Kuchen, Uebstzalot, ….

All Tëschemoolzechten sinn am Präis mat dran.

Gitt Äere Kanner wegl eng Gedrénksfläsch mat Waasser mat.

 

Hutt Dir nach weider Froen?

Dir kennt eis gaëren per E-Mail um info@ems.lu

oder per Telefon ënnert der Nummer 28 77 77 32 erreechen.

Dir fannt eis och um Facebook!