Wéi ass dësen verréckten Projet, fir eng Montessori-Schoul zu Lëtzebuerg op ze maachen, entstanen?
Mir fannen, dass sech d’Bildung vun eisen Kanner weiderentwéckelen muss, an dass mir si esou gutt wéi méiglech op d‘Erausfuerderungen vu Muer virbereeden mussen.
Dës Schoul ass ee fräiwëllegen, vun Elteren geféierten Projet. Mir wéilten bei der Finanzéierung an der Verwaltung vun der Struktur sou onofhängeg sinn wéi méiglech. Et ass eis och ganz wichteg, dass des Aart vu Bildung fir méiglechst vill Mënschen zougänglech ass.
Dofir géifen mir eis iwwert all Ënnerstëtzung freeën.
Dir hutt méi Méiglechkeeten :
- Eng Spend un d‘Asbl International Montessori School.
INTERNATIONAL MONTESSORI SCHOOL
IBAN: LU19 0099 7800 0074 0639
(W.e.g. gitt an der Matdeelung Ären Numm an Virnumm un).
2. Iwwerhuelt eng Patenschaft fir een Kand an bedeelegt Iech un sengem Schoulgeld.
Mir hoffen och, dass eis Initiativ anere Mënschen als Inspiratioun déngt, an dass zu Lëtzebuerg aner kleng Strukturen mat der selwechter Manéier schaffen an vun aneren Gemengen ënnerstëtzt an gefuerdert wäerten kënne ginn.