Moolzechten

D‘Ernährung ass fir eis ee ganz wichtegt Element. Eis gemeinsam Moolzechten si Momenter vun der kulinarescher Entdeckung, der Rou an dem Austausch. Si fërderen d’Bewosstsinn fir dat, wat mir iessen an wat fir Auswierkungen et kann hunn. D‘ Moolzechten sinn och Momenter vun der Dankbarkeet an Héiflechkeet, der Zesummenaarbecht an der Entwécklung vun der Autonomie, am Sënn vum Maria Montessori.

D’Mëttegiessen gëtt vun engem externen Catering zoubereed, deen equilibréiert, waarm, saisonal Platen liwwert, déi, de préférence, Produkter aus lokalem an biologeschem Ubau enthalen. D’Moolzechten kënnen bei Bedarf och un Allergien an philosophesch oder reliéis Iwwerzeegungen vun den Elteren ugepasst ginn.

Nom Iessen hunn d’Kanner Zäit, sech am Sensorik – Raum ze entspanen oder sech am Fräien opzehalen. 

Tëschemoolzechten

Am Allgemengen hunn mir eis dofir entscheet, industriellt Gebäck ze vermeiden an d’Opnam vun Zocker ze begrenzen, déi oft vill ze héich ass an schiedlech fir eis Kanner kann sinn. Fir d‘Tëschemoolzëchten bieden mir Iech, äre Kanner an enger Lunchbox méiglechst gesond Snacken matzeginn (z. B. Uebst oder Geméis mat Dip).