Schoulbus

Zënter September 2019 gouf ee Shuttle-Bus tëschent Stroossen an der Schoul zu Habscht ageriicht.

Mir schaffen mat der Busfirma Sales-Lentz zesummen. Am Moment ass nëmmen eng Hin- an Zeréckfahrt ouni weideren Tëschestopp méiglech.

Um 8h00 Auer moies geet et zu Stroossen lass (d’Elteren mussen mat de Kanner an hirem Kannersëtz um 7h50 Auer op der Plaz sinn) an et geet all Dag um 17h45 Auer zeréck.

Dës Auerzäiten baséieren op de Besoinen vun der Majoritéit vun den Elteren, deenen hir Kanner de Schoulbus benotzen.

Fir vum Schoulbus kënnen ze profitéieren, mussen d’Elteren een Vertrag mat der Schoul ënnerschreiwen an sech fir dat ganzt Schouljoer verflichten. De Präis pro Faart ass 4,5 €, d.h. pro Mount 80€ fir eng Faart pro Dag oder 160 € fir Hin-an Zeréckfaart pro Dag.

Jee no Unzuel vun den fräien Plazen ass et och méiglech, de Bus nëmmen héinsdo ze notzen mat engem Präis vun 6€ pro Faart. Fir weider Informatiounen wend Iech w.e.g. un d‘Schoul ënnert info@ems.lu.