Schoulkäschten

D’Schoul an Um Montessori Haff (SEA) ginn gemeinsam vun der asbl International Montessori School (gemengnëtzege Veräin) geféiert.

Onst Zil ass et,  d’Präisser sou niddreg wéi méiglech ze halen, fir d’Schoul sou villen Familljen wéi méiglech zougängeg ze maachen a gläichzäiteg e qualitativ héichwäertegen Enseignement an eng agreabel Aarbechtsplaz unzebidden. Ons Käschten ginn dofir sou präzis wéi méiglech gerechent.

– d‘Spillschoul (3 – 6 Joër) an d‘Primärschoul (6 – 12 Joer): 4.770€ bzw. 477€ am Fall vun enger Mensualitéit wärend 10 Méint.

– D‘Käschten vum Um Montessori Haff (Maison Relais) gi nom System vun den “Chèques services” verrechent an d’Akommes vun deenen zwee Elteren gëtt berécksiichtegt. D‘Eltern, déi keen Usprooch op “Chèques services” hunn, mussen all Käschten fir d’Betreiungsariichtung selwer iwwerhuelen. De Präis ass 6€/Stonn.

– De Schoulbus an d’Moolzechten ginn zousätzlech verrechent.

D’Käschten fir d’Opmaachen vun engem Dossier: 500€ (nëmmen fir dat éischt Joer).

Am Fall wou den Antrag net ugeholl gëtt, ginn d‘Käschten rembourséiert. Am Fall, wou eng Umeldung ofgesot gëtt duerch d’Elteren, ginn d‘Umeldungskäschten vun der asbl zeréckgehalen.  Bei der Umeldung ginn dës Käschten vun den Schoulkäschten ofgezunn.

Umeldungskäschten 200€ (nëmmen fir dat éischt d’Joer). Dëss Zomm gëtt op jiddefalls vun der asbl gehal.

Kaution fir Um Montessori Haff (Maison Relais): 500€ (gëtt rembourséiert, wann d’Kand d’Schoul verléisst an wann all d‘Rechnungen bezuelt sinn).

Bankverbindung vun der asbl:

INTERNATIONAL MONTESSORI SCHOOL

IBAN: LU10 1111 7010 5132 0000

BIC: CCPLLLULL

(Wannechgelift gitt an der Kommunikatioun ären Numm an Virnumm un).