Wëllkom

D’asbl International Montessori School ass eng Elterevereenegung, déi sech als Zil gesat huet, eng Privat Schoul fir 3- bis 12-järeg Kanner ze grënnen, ze leeden an weider ze entwéckelen.

D’Kompetenzen, déi d’Kanner hei léieren, sinn déi selwecht wéi an den staatlechen Schoulen zu Lëtzebuerg, awer dës Kompetenzen ginn mat der Hëllef vun der Montessori-Pedagogie an der sougenannten aktiven Pedagogie vermëttelt.

D’Schoul funktionéiert an deenen dräi Landessproochen Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch.

“Mächteg, onofhängeg a fräi Männer a Frae musse fir zukünfteg Generatioune gemaach ginn.”  (Maria Montessori)