D’Pedagogie

Maria Montessori

Eng engagéiert Pedagogin, déi hirer Zäit viraus war

Als promovéiert Doktesch, Psychiaterin, Anthropologin, sozialistesch Militantin an Feministin am Ufank vum 20. Joerhonnert war d‘Maria Montessori Virreiderin am Beräich vun der Beobachtung an dem Verständnis vun den Kanner. Si gehéiert zu den éischten Pedagogen, déi d’Erzéiungswëssenschaft konzipéieren, an huet hir Pedagogie am Laf vun hirem Liewen ëmmer weider entwéckelt, inspiréiert duerch Studien, Reesen,  an Treffen, an virun allem duerch hir eegen Beobachtungen vun den Kanner.

D‘Maria Montessori gouf 1870 an Italien (Chiaravalle) gebuer. Als Eenzelkand ass si mat hiren Elteren am Alter vun 5 Joer op Roum geplënnert.

Well si eng Virléift fir Wëssenschaften hat, huet si beschloss, Medezin ze studéieren. Si huet awer missen schwéier kämpfen fir hir Studien, well deemools d‘Universitéit zu Roum nëmmen fir Männer zougelooss war. Am Alter vun 26 Joer war si eng vun deenen éischten Dokteschen vun Italien an huet sech am Laf vun hirem Liewen stänneg am Beräich vun der Philosophie, der Psychologie an der Biologie weidergebilt.

Als engagéiert jonk Fra bedeelegt si sech aktiv an enger Campagne fir politesch an sozial Rechter vun den Fraen an vertrëtt 1896 hiert Heemechtsland um Internationalen Fraenkongress zu Berlin.

1897 huet Maria Montessori ugefaang an enger Psychiatrie vun der Universitéit Roum matzeschaffen, an huet do geeschtegbehënnert Kanner an Erwuessener, déi an gemeinschaftleche Raim ouni Aktivitéiten waren, begéint.

Dës Situatioun huet si op d‘Idee bruecht, dëse Kanner net onbedéngt mat medezineschen an cheemeschen Mëttelen ze hëllefen, mee éischter mat erzéiereschen Léisungsusätz. Am Joër 1898 hält d’Maria Montessori eng Virliesung zu Turin um Pedagogen-Kongress zum Thema: „Mannerbegaabt Kanner sinn net gesetzlos, si hu Rechter. Si hunn ee Recht op all Virdeeler vun der Bildung. Mir mussen deenen Onglécklechen erlaben, sech weider an der Gesellschaft ze integréieren, sech hir Plaz an hir Onofhängegkeet an enger ziviliséierter Welt ze eroberen, sou dass si hir mënschlech Dignitéit zeréckkréien.

Elo war den Grondsteen geluecht, an wéi si d‘Leedung vum Heelpedagogeschen Institut vu Roum uvertraut krut, huet hir Fuerschung sech ëmmer méi un deenen zwee bekannten franséischen Medezinner an Erzéiungswëssenschaftler: Jean Itard an Edouard Seguin orientéiert.

Si entwéckelt didaktescht Material fir Kanner mat sensoreschen Defiziter (z.B. Sandpabéier-Buschtawen). Déi hir uvertraute Kanner hu liesen an schreiwen geléiert an hunn esouguer den italieneschen Examen mat änlechen Resultater gepackt wéi all déi aner Kanner. D’Maria Montessori huet doropshin d’Fro gestallt, wisou déi „gesond an glécklech Kanner aus den staatlechen Schoulen“ bei dëse Prüfungen net besser ofgeschnidden hunn wéi hir „aarmséileg Schüler“.

An der éischter „Casa dei Bambini“ huet d‘Maria Montessori 1907 zu Roum 3- bis 6-järeg Kanner aus engem Aarmevéierel (San Lorenzo) opgeholl an huet reegelrecht ee pedagogesche Fuerschungslabo opgebaut. Déi vill iwwerraschend Entdeckungen, déi si hei gemaach huet, sinn an d’Entwécklung vun der „Montessori-Pedagogik“ gefloss (ee preparéiert Ëmfeld, Opmierksamkeet, fräi Auswiel vun den Aktivitéiten, auto-korrektiivt Léiermaterial, asw.).

D’Maria Montessori gouf Zäitzeien vun deenen zwee Weltkricher vum 20. Joerhonnert, wärend si aus Italien geflücht ass an sech ënnert anerem an der USA, Spuenien, England, Holland an Indien néiergelooss huet.

Iwwerall wou d’Reesen si higefouert hunn, huet si d’Kanner an hir Bedierfnisser beobacht. Hir Erliefnisser huet si all an sëllegen Verëffentlechungen opgeschriwwen, wouvun verschiddener éischter praxisorientéiert sinn an anerer de Beräich vun der pedagogescher Analytik ofdecken.

Am Joer 1937 huet d‘Maria Montessori d‘Grënnung vun der „Sozial Partei vum Kand“ virgeschlo. Si war der Iwwerzeegung, dass eng ëmfangräich Bildungsreform noutwendeg wier, fir dass d‘Bildungswiesen all Kand Gerechtegkeet, Harmonie an Léift garantéiert. Dës sozial Missioun war an hirer Siicht deen eenzegen Wee an eng nei, friddlech Welt.

Am Joer 1949 iwwerreecht de Léon Blum, der Maria Montessori d’Kräiz vun der franséischer Éierenlegioun.

D‘Maria Montessori ass am Joër 1952 am Alter vun 81 Joer an Holland gestuerwen.