D’Elteren an d‘Schoul

Geschicht vum Projet

Den Ursprong vun dësem Projet war eng Hand voll Elteren, déi sech vill Gedanken iwwert d‘Erzéiung vun hire Kanner gemaach hunn a sech ausféierlech iwwert d‘Pedagogik informéiert haten. Déi Elteren wënschen sech fir hir Kanner eng Plaz, déi hire Wäerter an hirer Visioun vun der Gesellschaft vun Muer entsprécht, an déi deene villen Ufuerderungen vum ëffentlechen an private Schoulsystem zu Lëtzebuerg gerecht gëtt. Verschidde vun deenen Elteren hate Kanner mat „besonneschen erzéiereschen Bedierfnisser“, anerer wollten einfach ee Bildungskonzept, an deem d‘Kand vollkomme respektéiert gëtt. Eise Projet huet duerch seng pedagogesch Approche seng eegen Plaz an der Villfalt vun den Offeren vun Privatschoulen zu Lëtzebuerg fonnt.

D‘Roll vun den Elteren

Mir wënschen eis een dynameschen an engagéierten Austausch mat den Elteren, déi op gemeinsame Wäerter opbauen. D‘Elteren gi motivéiert, u verschiddenen Aktivitéiten deelzehuelen fir d‘Schoul ze ënnerstëtzen. Sou ass et z.B. méiglech: een Hobby, ee Beruff, Wëssen oder Kompetenzen ze deelen, sech an der Kommunikatioun oder un der Maintenance ze bedeelegen. Wann all Famill ee klengen Bäitrag leescht, ass et méiglech, d‘Käschten op engem erschwénglechen Niveau ze halen, an eng lieweg Schoul ze gestalten. Dës Solidaritéit ass fir all Bedeelegt vun Virdeel an erméiglecht den Elteren, sech konkret an dësen Projet anzebréngen.

D’Bezéiung zu den Elteren

An der „Ecole Montessori Schule“ an um Montessori Haff (Maison Relais) gëtt Kommunikatioun tëschent den Elteren an den Erzéier,-baséierend op géigesäitegem Vertrauen, Respekt an Transparenz am Interesse an zum Wuelbefannen vun de Kanner gefërdert.

Fir eng gutt Zesummenaarbecht tëschent den Famillen an der Schoul ze erméiglechen ass et wesentlech, dass all d’Elteren dem pedagogeschen Projet zoustëmmen. Fir dëst Vertrauen opzebauen, bidden mir:

  • Méi Informatiounsveranstaltungen am Ufank vum Schouljoer fir eis Klassen, eis Pedagogik, d’Montessori Material an déi verschidden Aktivitéiten virzestellen;
  • Zweemol d’Joer een individuellt Elterengespréich, fir eis iwwert d‘Entwécklung vum jeeweilege Kand auszetauschen.

D’Elterengespréich gëtt normalerweis Dënschdes oder Donneschdes am Nomëtten oder Samschdes ofgehalen. D’Elteren hunn och nach d‘Méiglechkeet, bei Bedarf een Rendezvous mat der pedagogescher  Equipe  oder mat der Directrice unzefroen. Esou een Rendezvous kann och vun der pedagogescher Equipe ugefrot ginn.

Virun der Aschoulung an eiser Institutioun, gëtt ee Rendezvous mat den Elteren organiséiert fir d‘ Adaptatioun vum Kand virzebereeden. Dëst Gespréich erméiglecht eis, ee genaut Bild vun der Familljesituatioun vum Kand, vu sengen Particularitéiten, sengen Gewunnechten souwéi vu sengem schoulesche Parcours ze erhalen. Mir motivéieren d’Elteren, eis bei Bedarf hir Gefiller, Suergen oder Observatiounen vun der Entwécklung vun hirem Kand matzedeelen, op mëndlechem Wee oder per E-Mail.

Mir informéieren d’Elteren regelméisseg iwwert déi nächst Projeten an Aktivitéiten, un deenen si sech op Wonsch och selwer kënnen bedeelegen, wéi z.b.: een Ausfluch an de Bësch, ee Nomëtten am Gaart, oder organiséiert Ausflich.