Den Erzéier

D’Roll vun de Pedagogen besteet doran, d’Kanner ze begleeden an een Ëmfeld ze schafen, dat räich un gëeegenten Aktivitéiten ass. Vu bausse kéint ee mengen, dass hie guer näischt mécht, tatsächlech hält hien sech, zum Wuel vum Kand, an der Grupp am Hannergrond, sou dass jiddwereen seng Fäegkeet zur Eegeninitiative an Entschlossenheet ausüben a weiderentwéckele kann. Hien iwwerhëlt d’Roll vum Schidsriichter tëschent dem Kand an dem Léiermaterial, oder tëschent dem Kand an der Grupp. Seng Presenz gëtt net als Riichter emfonnt, mee als ee Mënsch, deen zur Verfügung steet fir Hëllef ze leeschten, deen eng Äntwert op d’Froen huet an eng Léisung huet fir d’Schwieregkeeten, deenen d‘Kand begéint. Seng Haltung ass ni passiv, mee ëmmer déi vun engem opmierksamen Beobachter: andeems en de Charakter, d’Perséinlechkeet an de Rhythmus vun all Kand respektéiert, hält den Erzéier dat natierlecht Bedierfnis vum Kand no Selbstperfektioun um Liewen. E weist de Kanner nei Aktivitéiten, a stimuléiert hir Interessen.

Déi 10 Grondsätz vum Erzéier:

  1. Beréier nimools d’Kand, ausser et huet dech derzou opgefuerdert.
  2. Schwätz nimools schlecht iwwert ee Kand, net a senger Presenz an och net a senger Ofwiesenheet.
  3. Konzentréier deng Beméiungen dorop, dat Positiivt am Kand ze bestäerken an weiderzëentwéckelen.
  4. Investéier all deng Energie an déi akribesch Virbereedung vum Ëmfeld. Hëllef dem Kand, positiv Bezéiungen zu sengem Ëmfeld opzebauen. Weis him, wou d’Material läit a wéi hatt dat benotzen kann.
  5. Sief ëmmer bereet, den Ruff vum Kand ze héieren, dat dech brauch. Lauschter him no an äntwer him.
  6. Respektéier d’Kand, dat een Feeler gemaach huet a sech selwer verbesseren kann, awer ënnerbann direkt all Mëssbrauch vum Material an all Handlung, déi deem Kand, senger Entwécklung oder aneren Kanner schued.
  7. Respektéier d’Kand, dat sech wëll ausrouen, wat anerer bei der Aarbecht nokuckt, dat driwwer nodenkt, wat et mécht, wëll maachen oder wäert maachen. Schwätz et dee Moment och net un an dréck et net zu enger anerer Aktivitéit.
  8. Hëllef deenen, déi no enger Aktivitéit sichen a selwer keng fannen.
  9. Presentéier de Kanner ëmmer erëm eng Aktivitéit, déi et virdrun net wollt maachen. Hëllef him, dat ze léieren, wat et nach net kann, a seng Onvollkommenheet ze iwwerwannen. Maach dat alles, andeems du d’Ëmfeld virsiichteg virbereets, andeems du fräiwëlleg eng zeréckhalend Haltung anhëls, andeems du frëndlech Wierder eraussichs, andeems du eng léif Presenz weis. Suerg dofir dass dat Kand wat deng Presenz an Disponibilitéit brauch, se och ka spieren, an dat Kand wat se nit brauch, se och nit ka spieren.
  10. Behandel d’Kand ëmmer mat grousser Héiflechkeet an bitt him dat Bescht vun deem, wat‘s de hues.