D’Schoul

Eng méisproocheg Privatschoul

Bei der Entwécklung vun eisem Schoulprojet hate mir ëmmer d‘Méisproochegkeet, déi Lëtzebuerg esou besonnesch mécht, am Hannerkapp. Am Mëttelpunkt vun eisem Projet steet d’Léieren vun deenen dräi Landessproochen.

Mir berécksiichtegen d’Recommandatiounen vun der internationaler Fuerschung am Beräich vun der Méisproochegkeet an tauschen eis mat Fachleit vu Lëtzebuerg aus.

Mir hunn decidéiert, Aktivitéiten a verschiddene Sproochen unzebidden an op Frontalunterrecht ze verzichten. Wann d’Ëmgéigend et erlaabt sicht d’Kand sech eng Aktivitéit op natierlecher Aart a Weis aus. Mir wëllen déi ugebueren Liichtegkeet vun de Kanner erhalen, andeems mir hinnen eng Ëmgéigend ubidden, wou déi dräi Landessproochen vertrueden sinn an gefuerdert ginn.

Een Gespréich mat den Familljen virun der Aschoulung erlaabt et eiser Equipe, sech ee Bild vun der sproochlecher Situatioun vun all Kand ze maachen. Duerch déi intensiv Observatioun vun den Pedagogen gëtt déi méisproocheg Entwécklung vun all Kand gefërdert.

D’Kanner wielen eng Aktivitéit amplaz eng Sprooch. Sie drécken sech an der Sprooch vum jeeweilegen Erzéier aus. Sou entsteet een aktiven Bäitrag zu hirer sproochlecher Entwécklung.

D’Grondlag vun der méisproocheger Betreiung an der „Ecole Montessori  Schule“

Eng Persoun = eng Sprooch

– Déi Erwuessen kommunizéieren nëmmen an hirer Mammesprooch. Dat ass noutwenneg, fir de Kanner een komplette Sproochemodell mat engem präzisen Wuertschaz, Intonatioun an Akzent virzeliewen. Ausserdeem dréit dat zur Spontaneitéit vum sproochlechen Austausch bäi.

-D’Kanner sinn ongeféier 30% vum Dag a Kontakt mat deenen jeeweilegen Sproochen , et ginn Aktivitéiten vun 3 Stonnen gebueden.

– D‘Mammesprooch vun all Kand gëtt valoriséiert.

– D’Elteren ginn reegelméisseg iwwert de Fortschrëtt vun hirem Kand informéiert an droën och zu hirer sproochlecher Entwécklung bäi.

 

Eis méisproocheg Betreiung gëtt op däitsch, franséisch an lëtzebuergesch ugebueden.

D’Gruppen fir déi sproochlech Aktivitéiten ginn no folgenden Krittären zesummen gestallt:

  • Altersverdeelung
  • Sproochleche Niveau vun de Kanner
  • Pedagogëschen Aspekt (emotional Situatioun vum Kand, d’Selbstvertrauen, sproochlech Ausdrocksfäehegkeet)

Iwwergang an d‘Grondschoul

Baséierend op engem vun den Haaptprinzippien vun der Montessori-Pedagogik, nämlech der individueller Observatioun vun de Kanner duerch méi Pedagogen, ass den Zäitpunkt fir den Iwwergang vun der Spillschoul an d’Primärschoul an der „Ecole Montessori Schule“ net festgeluecht. Wann also een Kand sech duerch säin emotionalen, motorëschen an zerebralen Entwécklungsstand éischter an der Spillschoul oder Primärschoul wuelfillt, beméien mir eis, dat ze berécksiichtegen.