Fräiheet an Disziplin

„Et geet net dorëms, d’Kand sech selwer ze iwwerloossen, fir dass et ka maachen wat et wëll, mee een Ëmfeld ze schafen, an deem et fräi handele kann.“

D’Kanner entwéckelen sech an engem rouegen an zielgerechten Ëmfeld. Et gëtt keng Bestrofung oder Belounung, mee nëmmen Konsequenzen vun senger Entscheedung a sengen Handlungen. D’Reegelen ginn zesummen an der Grupp gemeet.

D’Material gëtt de Kanner a Regaler zur Verfügung gestallt wou si gutt drukommen. All Kand huet d’Méiglechkeet senger Motivatioun entspriechend eng Aktivitéit auszewielen a kann ee Material soulaang gebrauchen, wei hatt wëll, fir sengen Interessen gerecht ze ginn. D’Montessori-Material bitt d’Méiglechkeet fir sech selwer ze verbesseren. Duerch reegelméissegt Üben a Beobachten fokaliséiert d’Kand seng Opmierksamkeet an entwéckelt seng Konzentratiounsfäegkeet. Erwuessener gräifen nëmmen bei Bedarf an, a schafen ee Klima vu Vertrauen, Freed a Fräiheet.

D’Reegelen vum Zesummeliewen:

E Kand tëschent 6 an 12 Joer ass sech bewosst, dass et Reegelen ze respektéieren huet – an sengem eegenen Interessi, am Interessi vun der Grupp, an am Hibléck op seng Entscheedungsfräiheet. D’Montessori-Methode recommandéiert, d’Reegelen ëmmer zesummen mat de Kanner ze gestalten. D’Reegelen ginn weeder eesäiteg vun Erwuessenen operluecht, nach tauchen se op eemol iwwerraschend op. Wann d’Kanner virun vollendet Tatsaachen gestallt ginn, féiert dat erfahrungsgemäss zu Frustratioun an Onverständnis, an d’Mëssuechtung vun de Reegelen ass virprogramméiert.

Duerch d‘Applicatioun vun dësen einfachen Prinzippien suergen mir fir eng vertrauensvoll, entspaant an respektvoll Atmosphär, an där déi fräi Wiel Plaz fënnt. Wann den Erwuessenen onpassend Verhalen feststellt, geet en lues op d’Kand duer, geet op Aenhéicht an erënnert et un déi entspriechend Reegel. An och nëmmen, wann sech net schonns eent anert Kand dorëms bekëmmert huet.

Wat d’Konfliktléisungen tëschent de Kanner betrëfft, sou soll den Erwuessenen hinnen gedëlleg nolauschteren, hinnen hir ganz Opmierksamkeet schenken an hinnen d’Wiel tëschent zwou Méiglechkeeten ginn(fir déi Jéngst) fir et erëm gutt ze maachen: „ Du kanns… oder du kanns och…“.

6 bis 12 Järeg duerchlafen eng Phase wou d’Entwécklung un Austausch orientéiert ass a wärend där d’Bedeitung vun der Grupp an d’Gefill vun der Ongerechtegkeet a Wichtegkeet zouhëlt. Dofir huelen d‘Konfrontatioun an d‘Konflikter méi Plaz an hirem Alldag an. Am Fall vun engem Konflikt soll den Erwuessenen ëmmer dorop oppassen, d’Bezéiung tëschent de Kanner ze „verbesseren“. Hien verséchert hinnen dass hien si versteet an dass hien weess, dass si net enger Meenung sinn, awer hien wäert si ëmmer erëm un d‘Regelen erënneren oder si bieden, driwwer nozedenken, wéi si dat erëm kënnen gutt maachen. Op dës Weis fillt sech dat blesséiert Kand verstan, ënnerstëtzt an Eescht geholl, an dat verletzend Kand huet d‘ Méiglechkeet, seng Feeler erëm guttzemaachen. Den Zäitpunkt vum Ëremguttmaachen läit am Ermiessen vum Kand, sou dass et iwwert säin Handelen nodenken kann, sech senger verletzender Manéier bewosst gëtt, a sech iwwerleet, wat et fir d’Eremguttmaachen wëll maachen (Zeechnung, een klengen Bréif, mëndlech Entschëllegung, Emaarmung, asw.).

Op déi Manéier gëtt d‘Frëndschaft net dauerhaft beschiedegt, Ierger a Verbatterung ginn evitéiert. Een neien Ufank ass méiglech.